D'Fondatioun Kräizbierg, oeuvre d'utilité publique, sicht fir hire Foyer Domaine Schoumansbongert zu Fréiseng
een 'Responsable - Coordinateur Pédagogique' (m/w/x)
mat engem Erzéierdiplom
40 Stonnen d'Woch am Kader vun engem CDI
Är Missiounen :
Als „Responsable-Coordinateur Pédagogique“ sidd Dir zoustänneg fir d’Gestioun vum sozio-pädagogesche Volet vum Foyer. Dës Fonctioun beinhalt d’Gestioun vum Team bestoend aus Educateuren, esouwéi d’Koordinatioun vun de sozio-pädagogeschen Aktivitéite vum Foyer. D’Opstellen, esouwéi d’Mise à jour, vum „plan d’accompagnement socio-pédagogique“ vun den Usager’en ass eebenfalls eng vun de Missiounen.
Äre Profil:
- Dir hutt een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als diploméierten Erzéier,
- Dir beherrscht d'Lëtzebuerger Sprooch an hutt eng gutt Maîtrise vun der däitscher an franséischer Sprooch,
- Dir sidd teamfäeg, zouverlässeg, flexibel an hutt fachlech a sozial Kompetenzen,
- Dir hutt Erfarung an der Teamleedung an -begleedung,
- Dir hutt PC-Kenntnisser (Office 365 an Dokumentatioun),
- Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin.
Mir bidden:
- ee Gehalt entspriechend der CCT-SAS (mat 13. Mount, minimum 34 Deeg Congé pro Joer an nach aner Avantagen) esouwéi eng Prime
- eng flott Aarbecht an engem multidisziplinären Team
- iech eng professionell Weiderbildung
Merci fir är Kandidatur bis den 15.01.2025 online eranzeschécken.
www.kraizbierg.lu
R.C.S. Luxembourg: G34