D'Fondatioun Kräizbierg, oeuvre d'utilité publique, sicht fir hire Service de Formation zu Diddeleng:
Een Erzéier (m/w/x)
20 Stonnen/Woch am Kader vun engem CDD
Äre Profil:
- Dir hutt een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als diploméierten Erzéier,
- beherrscht d’lëtzebuerger Sprooch an hutt eng gutt Maîtrise vun der franséischer an däitscher Sprooch
- Dir sidd teamfäeg, zouverlässeg, flexibel an hutt fachlech an sozial Kompetenzen
- PC-Kenntnisser (Office Tools) Ärerseits sinn vun Virdeel
- Dir sidd am Besëtz vun engem gültegen Führerschäin
Mir bidden:
- ee Gehalt entspriechend der CCT-SAS (mat 13. Mount, minimum 34 Deeg Congé pro Joer an nach aner Avantagen)
- eng flott Aarbecht an engem multidisziplinären Team
- an encouragéieren Är professionell Weiderbildung
Merci fir Är Kandidatur bis spéitstens den 18.12.2024 online eranzeschécken.
www.kraizbierg.lu
R.C.S. Luxembourg: G34