D' Fondatioun Kräizbierg sicht fir hiren Centre d'Accueil de Jour
Een Aide-soignant (m/w)
fir 40 Stonnen / Woch am Kader vun engem CDD
Äre Profil:
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Aide-soignant diplômé
Lëtzebuerger Sprooch als Viraussetzung
Eng gutt Maîtrise vun der däitscher an der franséischer Sprooch
Fachlech, sozial a perséinlech Kompetenzen
Teamfäegkeet, Flexibilitéit an Zouverlässegkeet
Führerschäin a PC Kenntnisser
Nëmmen déi Kandidaturen déi dësem Profil entsprieche gi consideréiert.
Eis Offer:
E Gehalt entspriechend der CCT SAS
Eng flott Aarbecht an engem multidisziplinären Team
D' Méiglechkeet sech op engem professionelle Plang weiderzebilden
Merci fir är Kandidatur bis spéitstens den 23.01.2021 eranzeschécken.
www.kräizbierg.lu R.C.S. Luxembourg: G34